2020
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2016 |
2017 |
2018 |
2019 |
2020
| 2021
| 2022
| 2023
| 2024
| ►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2020.
![](http://webarchiveweb.wayback.bac-lac.canada.ca/web/20200529135101im_/https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7c/2019-nCoV-CDC-23312.png/220px-2019-nCoV-CDC-23312.png)
De SARS-CoV-2 verursaacht eng Pandemie mat weltwäit schwéiere Repercussiounen op Gesondheet, Gesellschaft an Ekonomie.
D'Joer 2020 fänkt op engem Mëttwoch un. Et ass e Schaltjoer.
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
- 11. Mäerz: D'Weltgesondheetsorganisatioun deklaréiert d'Epidemie vum COVID-19 zu enger Pandemie.
Europa[änneren | Quelltext änneren]
- : 1. JanuarKroatien iwwerhëlt turnusgeméiss bis den 30. Juni des Joers d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun.
- : De 5. JanuarZoran Milanovic gewënnt d'Presidentewalen a Kroatien.
- : Als Folleg vun de Parlamentswale vum 29. September 2019 gëtt de 7. JanuarSebastian Kurz op en Neies Kanzler vu der Republik Eisträich.
- : De 7. JanuarPedro Sánchez gëtt op en Neies Ministerpresident a Spuenien, un der Spëtzt vun enger Koalitioun vu PSOE a Podemos.
- 13. Januar: De Robert Abela gëtt neie Premierminister a Malta.
- 31. Januar: D'Vereenegt Kinnekräich trëtt aus der Europäescher Unioun aus. Wéi am Austrëttsaccord virgesinn, gëtt et eng Iwwergangsperiod bis Enn 2020, an där de legale Kader, wéi e bis ewell mat der EU gegollt huet, viru gëllt, a wärend där en neien Handelsaccord mat der EU ausgehandelt soll ginn. D'Vereenegt Kinnekräich ka bis Enn Juni 2020 eng Demande maachen, fir dës Iwwergangsperiod ëm 1 oder 2 Joer ze verlängeren.
- : Nom Récktrëtt vum 3. MäerzMarjan Šarec gëtt de Janez Janša neie Ministerpresident vu Slowenien.
- : Den 4. MäerzDenys Schmyhal gëtt neie Ministerpresident vun der Ukrain.
- 21. Mäerz: No Parlamentswalen an der Slowakei gëtt den Igor Matovič neie Premierminister.
- 27. Mäerz: Nordmazedonien gëtt Mem er vun der NATO.
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- 29. Februar: Den ëffentlechen Transport gëtt am ganze Land gratis fir d'Passagéier (ausser 1. Klass an international Zich).
- 16. Mäerz: Fir der COVID-19-Pandemie entgéint ze wierken, bleiwen op Uerder vun der Regierung Schoulen, Crèchen, Restauranten, Caféen, Concerts- an Theatersäll, Kinoen, Sportplazen an all Geschäfter, ausser Liewensmëttel-, Zeitungs- a Brëllebutteker an Apdikten, zou. D'Leit solle sech sou wäit et geet vun aneren ewechhalen.
- 18. Mäerz: D'Regierung rifft den État de crise aus (Art. 32(4) vun der Verfaassung), deen den 21. Mäerz vun der Chamber mat engem Gesetz op dräi Méint verlängert gëtt.
Afrika[änneren | Quelltext änneren]
- 22. Februar: De Faure Gnassingbé gëtt als President vun Togo erëmgewielt.
Amerika[änneren | Quelltext änneren]
Nordamerika[änneren | Quelltext änneren]
Südamerika[änneren | Quelltext änneren]
Asien[änneren | Quelltext änneren]
Arabesch Welt[änneren | Quelltext änneren]
- 11. Januar: Den Haitham ibn Tariq, gëtt, non Doud vum Qabus ibn Said, neie Sultan vum Oman.
- 11. Januar: D'Tsai Ing-wen gëtt bei de Presidentewalen an Taiwan erëmgewielt.
Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]
- Galway a Rijeka sinn Europäesch Kulturhaaptstied.
Molerei[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- De Pierre Joris kritt de Batty-Weber Präis fir säi Gesamtwierk.
Musek[änneren | Quelltext änneren]
Kino[änneren | Quelltext änneren]
Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]
- 20. Abrëll: Wéinst der niddereger Nofro, bedéngt duerch d'COVID-19-Pandemie, gëtt fir d'éischt Kéier iwwerhaapt de Präis vum Barrel Pëtrol negativ gehandelt: fir kuerz Zäit gouf e fir -38 USD verkaaft.
Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]
Sport[änneren | Quelltext änneren]
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- 10. Mee: Prënz Charel, Jong vum Ierfgroussherzog Guillaume vu Lëtzebuerg.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- : 2. JanuarMésy Faber, lëtzebuergesch Operettesängerin a Schauspillerin
- 10. Januar: Wolfgang Dauner, däitschen Jazzmuseker
- 10. Januar: Qabus ibn Said, Sultan vum Oman
- 16. Januar: René Hoffmann, lëtzebuergesche Politiker
- 21. Januar: Eugène Berger, lëtzebuergesche Politiker an Alpinist
- 21. Januar: Terry Jones, englesche Komiker, Regisseur an Auteur
- 25. Januar: Monique van Vooren, belsch-US-amerikanesch Schauspillerin
- 26. Januar: Jos Bernard, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik
- 31. Januar: Mary Higgins Clark, amerikanesch Schrëftstellerin
- : 4. FebruarDaniel arap Moi, kenianesche Politiker.
- : 5. FebruarStanley Cohen, amerikanesche Biochemiker
- Kirk Douglas, amerikanesche Schauspiller. 5. Februar:
- : 7. FebruarAnn E. Todd, amerikanesch Schauspillerin
- 10. Februar: Claire Bretécher, franséisch Comicsauteurin an -zeechnerin
- 17. Februar: Sonja Ziemann, däitsch Schauspillerin
- 18. Februar: Gust Graas, lëtzebuergesche Moler a Manager
- 21. Februar: Jean-Pierre Junius, lëtzebuergesche Moler
- 25. Februar: Husni Mubarak, egypteschen Offizéier a Politiker
- : 4. MäerzJavier Pérez de Cuéllar, peruaneschen Diplomat a Politiker, UN-Generalsekretär
- : 6. MäerzRemo Raffaelli, lëtzebuergesche Moler
- : 8. MäerzMax von Sydow, schweedesch-franséische Schauspiller
- 12. Mäerz: Tonie Marshall, franséisch Filmregisseurin, Dréibuchautorin a Schauspillerin
- 15. Mäerz: Suzy Delair, franséisch Schauspillerin a Sängerin
- 16. Mäerz: Stuart Whitman, US-amerikanesche Schauspiller
- 20. Mäerz: Kenny Rogers, US-amerikanesche Sänger a Schauspiller
- 24. Mäerz: Manu Dibango, kamerunesche Museker
- 24. Mäerz: Stuart Gordon, US-amerikanesche Regisseur
- 24. Mäerz: Albert Uderzo, franséische Comiczeechner
- 28. Mäerz: Ger Maas, lëtzebuergesch Molerin
- 28. Mäerz: Barbara Rütting, däitsch Schauspillerin, Autorin a Politikerin
- 29. Mäerz: Krzysztof Penderecki, polnesche Komponist
- 30. Mäerz: Bill Withers, US-amerikanesche Komponist a Sänger
- : 3. AbrëllHenri Dillenburg, lëtzebuergesche Moler
- : 4. AbrëllHans Meyer, südafrikanesche Schauspiller
- : 5. AbrëllMargaret Burbidge, brittesch Astrophysikerin
- 12. Abrëll: Stirling Moss, brittesche Formel-1-Pilot
- 12. Abrëll: Joseph Strotz, lëtzebuergesche Basketballspiller
- 14. Abrëll: Théo Adam, lëtzebuergesche Moler
- 15. Abrëll: Brian Dennehy, US-amerikanesche Schauspiller
- 16. Abrëll: Christophe, franséische Museker a Sänger
- 17. Abrëll: Sergio Fantoni, italieenesche Schauspiller
- 22. Abrëll. Shirley Knight, US-amerikanesch Schauspillerin
- 23. Abrëll: Norbert Blüm, däitsche Politiker
- : 8. MeeRoy Horn, Zauberkënschtler an Dompteur
- : 9. MeeLittle Richard, US-amerikanesche Rock 'n' Roll-Sänger
- 12. Mee: Adrien Meisch, lëtzebuergeschen Diplomat
- 12. Mee: Michel Piccoli, franséische Schauspiller
- 20. Mee: Jay Schiltz, lëtzebuergesche Journalist, Auteur a Kabarettist
- 26. Mee: Irm Hermann, däitsch Schauspillerin
- 28. Mee: Guy Bedos, franséische Schauspiller
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: 2020 – Biller, Videoen oder Audiodateien |