Elizabeth II.

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Elizabeth II.
Queen Elizabeth II March 2015.jpg
Titelen
Virgänger George VI.
Biographie
Gebuer 21. Abrëll 1926
Mayfair
Bestuet mat Philip
Papp George VI. vum Vereenegte Kinnekräich
Mamm Elizabeth Bowes-Lyon
Geschwëster Margaret
Kanner Charles vu Wales, Anne, Andrew vu York, Edward vu Wessex

D'Elizabeth II., gebuer den 21. Abrëll 1926 zu Mayfair (London), mam ganzen Numm Elizabeth Alexandra Mary aus dem Haus Windsor, ass, a Personalunioun, déi konstitutionell Monarchin vu 16 Staaten, de sougenannte Commonwealth Realms, souwéi deenen hiren Territorien an de Gebidder, déi dovun ofhänken. Et ass dat d'Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland, Antigua a Barbuda, Australien, d'Bahamas, Barbados, Belize, Grenada, Jamaika, Kanada, Neiséiland, Papua Neiguinea, d'Salomonen, Saint Kitts an Nevis, Santa Lucia, Saint Vincent an d'Grenadinnen an Tuvalu. An alle Länner ausser dem Vereenegte Kinnekräich léisst se sech an hiren (bal nëmme representativen) Rechter a Flichten duerch Generalgouverneure representéieren.

Si ass ausserdeem de Chef vum Commonwealth of Nations, an deem 53 Staate Member sinn, an de weltleche Chef vun der anglikanescher Church of England.

D'Elizabeth ass d'Duechter vum Prënz Albert, dem spéidere Kinnek George VI. a senger Fra Elizabeth. Am Zweete Weltkrich huet si ugefaangen, ëffentlech Aufgaben z'iwwerhuelen, an si huet an der Fraesektioun vun Hëllefstruppe vun der brittescher Arméi gedingt. 1947 huet si de Prënz Philip vu Griicheland an Dänemark bestuet (den haitegen Duke of Edinburgh), mat deem se véier Kanner huet: den Charles, d'Anne, den Andrew an den Edward.

De 6. Februar 1952, nom stënterlechen Doud vun hirem Papp, gouf si Kinnigin vu siwe Commonwealth Realms, duerno sinn der ëmmer nees derbäikmm oder ewechgefall. Den 2. Juni 1953 gouf si an der Westminster Abbey offiziell gekréint, wat - eng Première - live op der Televisioun iwwerdroe gouf.

An hirem Règne vun iwwer 60 Joer sinn als markant Evenementer z'ernimmen: d'Dekolonisatioun vum Britteschen Empire, de Kale Krich, den Nordirlandkonflikt, souwéi 1971 de Bäitrëtt an d'Europäesch Unioun (dunn nach EWG) an 2020 nees den Austrëtt doraus.

Zënter dem 23. Januar 2015 ass si déi eelst Staatscheffin am Amt; zënter dem 9. September 2015 déi brittesch Monarchin, déi am längsten um britteschen Troun souz an zënter dem 13. Oktober 2016 dee aktuelle Monarch op der Welt deen am längsten um Troun ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Elizabeth II. – Biller, Videoen oder Audiodateien